Beschreibung
Fir déi eng Foto, déi fir ëmmer bleift.
Stell der vir: Chrëschtdag, d’Luuchten um Beemchen, an dran däi Butz, mat engem gëllene Stär an der Hand. Drop säin Numm. Dat ass d’Foto, déi an zwanzeg Joer nach ëmmer um Frigo hänkt.
De First Christmas Star ass e Stär aus Spigelgold op engem wäisse Rand, mat „my first Christmas“ an dem Joer gravéiert. An der Mëtt den Numm, a schéiner Schreifschrëft a wäissem Acryl, mat der Hand opgesat. E Putsch aus Satin a Gold mécht d’Bild komplett.
Mam Stiel kanns du en dem Butz an d’Hand ginn, nieft d’Kand op d’Deck leeën, oder an de Beemchen stiechen. No der Foto kënnt en an d’Këscht, an all Joer erëm eraus.
Fir d’Mamm an de Papp, déi dëse Moment festhale wëllen. Oder fir d’Giedel an de Pätter, déi eppes sichen, wat soss keen huet.
Jiddwer Stär gëtt bei eis zu Lëtzebuerg entworf a mam Laser geschnidden. Stéck fir Stéck, mat Häerz gemaach.
Gréisst: 15 cm
Präis: 29,90 €





Rezensionen
Es gibt noch keine Rezensionen.