Beschreibung
Den éischte Chrëschtdag. Dee kënnt just eemol.
Stell der vir: Dat éischt Joer, deen éischte Beemchen, an dran hänkt e klenge Bou mam Numm vun dengem Butz. Nächst Joer hänkt en erëm do. An an zwanzeg Joer och nach.
De First Christmas Arch ass e klenge Bou aus Acryl mat „MY FIRST CHRISTMAS“, dem Joer an e puer klenge Stären. An der Mëtt den Numm, a schéiner Schreifschrëft a wäissem Acryl, mat der Hand opgesat, sou datt en e bëssen eraussteet. En Organza-Bändchen mécht d’Bild komplett.
Et gëtt en an zwou Faarwen: Teddy, matt a waarm. Oder Gold, mat Spigel, e bësse méi festlech. Wat passt bei iech doheem?
Fir d’Mamm an de Papp, déi dëst Joer alles zum éischte Mol erliewen. Fir d’Bomi an de Bopa. Oder fir d’Giedel an de Pätter, déi e Kaddo sichen, deen net am Schaf verschwënnt.
Jiddwer Bou gëtt bei eis zu Lëtzebuerg entworf a mam Laser geschnidden. Stéck fir Stéck, mat Häerz gemaach.
Gréisst: 12 cm
Faarwen: Teddy oder Gold
Präis: 19,90 €
De Glitzer op de Fotoen ass just Dekoratioun.





Rezensionen
Es gibt noch keine Rezensionen.