Beschreibung
E Numm, deen am Liicht vum Beemchen glitzert.
Stell der vir: D’Luuchten um Beemchen ginn un, an tëscht den Äscht fänkt e klengt Stéck Gold un ze glänzen. Drop steet en Numm. Däin. Oder dee vun engem Mënsch, deen s du gär hues.
De Winter Glow ass eng Chrëschtbull aus mattem Frost-Acryl mat engem feine Rand aus Gold. An der Mëtt schwieft den Numm, aus Spigelgold geschnidden, a schéiner Schreifschrëft, begleet vun zwou klenge gëllene Schnéiflacken. E Putsch aus Satin mécht d’Bild komplett.
Fir un de Beemchen, an d’Fënster, un e Kaddo gebonnen. An all Joer, wann d’Këscht mat der Dekoratioun erëm opgeet, hänkt en als éischt um Beemchen.
Eng fir d’Mamm. Eng fir d’Bomi. Eng fir déi bescht Frëndin. Am Set vun 3 hänkt déi ganz Famill zesummen um Beemchen.
Jiddwer Bull gëtt bei eis zu Lëtzebuerg entworf a mam Laser geschnidden. Buschtaf fir Buschtaf, Stéck fir Stéck, mat Häerz gemaach.
Gréisst: 10 cm
Präis: 18,90 €
Set vun 3 (selwecht Design, 3 verschidde Nimm): 49,90 €




Rezensionen
Es gibt noch keine Rezensionen.